Et ass net korrekt wéi am Reportage ze héieren ass dass « de Bowling keen Interessen huet » (sic!)
De Bowling leeft zu Lëtzebuerg zënter 2018 esou gutt ewéi nach ni, awer leider net mi unerkannt well et eng Rei Divergenze mat der FLQ gouf. All Eventer si bis zu 90% vun der Kapazitéit ëmmer besat, an d’Athlete fannen erëm Plaiséier un de Kompetitiounen an de Niveau ass zum Deel och ganz gutt! Leider ass d’LBF (nach) net als Eegestänneg Federatioun unerkannt, mee ass vun eisen Nopeschlänner an Internationalen Eventer net ausgeschloss well d’LBF sech streng un d’Oplagen hält wéi se ze maache sinn an a ganz guddem Verhältnis zu de Nopeschlänner steet.
Zum Fait, et ass richteg dass de Bowling sech getrennt huet 2018 vun der FLQ, an zwar geschlosse mat de Responsabel vun der Sektioun Bowling, senge Veräiner a sengen Athleten. Et goufen Divergenzen an et goufen och Plainten deposéiert bei der Justiz.
2019 an 2020 goufen et Reuniounen tëschen dem COSL, der FLQ an der LBF woubäi d’LBF en interessante Projet virgeluecht huet fir en eventuelle sportleche Retour ënnert der FLQ mee d’FLQ wollt deen net akzeptéieren, an huet eng Géigepropositioun gemaach di eng Autonomie vun der LBF net garantéiert hätt. Dëst ass schued, well di selwecht Strukturen, déi vun der LBF proposéiert goufen, et a ville Länner gëtt. D'Veräiner vun der LBF wollten dorops hin net dass d'Verhandlunge weider gefouert gin, well se sech net respektéiert gefillt hunn. Et ass also net richteg, wéi am Reportage ze héiere war (bei 15:30) dass et de Bowling ass wou keen Interessen huet.
De Géigendeel ass de Fall, well d'LBF ass rezenterweis a dat virum Interview um 100,7 un de COSL erugetruede fir Verhandlungen erëm opzehuelen. Dëst am Sënn vum Sport, z.b. den Diskussioune ronderëm enger Lëtzebuerger Präsenz op de World Games oder Spiller vun de klénge Länner.
D'Fro vun der LBF ass éischter eng aner, wann d'FLQ fir de Bowling esou « kompetent well sinn », wat hu si di läscht Joren dann ënnerholl fir d’Sektioun an de Sportbowling nei opzebauen?
Mat beschte Gréiss,
De conseil d’Administratioun vun der LBF
RICHTEGSTELLUNG !!!
Zum Interview vum Präsident vun der FLQ um Radio 100,7 vum 7.10.2023 an der Diskussioun « Liewe fir de Veräin ». D’LBF, di Lëtzebuerger Bowling Federatioun bedauert zu déifst wat den Här Bargagna op der Antenne vum Radio 100,7 geäussert huet!
LBF
Centre de Bowling Fun-City
33, rue Robert Krieps
L-4702 Pétange